Nach bis den 30. Dezember.

Mënschlech Kierper déi leiden, déi kämpfen, awer hier mënschlech Würd ni verléieren :

Dat ass den Haaptsujet an de Molereien a Skulpturen déi de Bruce Clarke an enger atmosphärescher Ausstellung am Escher Resistenzmusée weist.

D‘Ausstellung „ECCE HOMO“, déi am Kader vun der europäescher Kulturhaaptstad Esch2022 am Musée gewise gëtt, dauert nach bis den 30. Dezember.

Si ass vun Dënschdes bis Sonndes vun 10 Auer Moies bis 6 Auer Owes op.

Donneschdes ass eng Nocturne bis Owes hallwer 8.

23/11/2022 Business