Loosst Iech vun hiren aussergewéinleche Konzepter begeeschteren.

Wagner Design Lighting gëtt et schonn zanter iwwer 20 Joer an der Route de Thionville zu Bouneweeg. An elo hunn si och e neit Geschäft an der Alstaat, op 5 rue de la Boucherie opgemaach.

Op deenen zwou Adressen dréint sech alles ronderëm d‘Beliichtung. Dat geet vun engem Konzept op d’Mooss vun Ärem Doheem bis zu Designerluuchte vun Occhio.

De Patron Patric Wagner steet Iech selwer beim Plange vun Ärer Beliichtung zur Säit woubäi d‘Passioun fir d’Liicht ëmmer am Mëttelpunkt steet.

Wien oppen ass fir Beliichtung nei ze erliewen ass do genau richteg.

Gitt och op licht.lu.

25.11.2022 Business News