"Méi informéiert ass manner riskéiert", dat ass de Slogan vum C.N.A.P.A.

De C.N.A.P.A. ass de Centre National de Prevention des Addictions.

D’Iddi hannert dem C.N.A.P.A. ass et de Leit eng Ulafstell ze bidden wou een ënnert anerem objektiv Äntwerten ronderëm d’Thema Cannabis ka kréien. Mécht Cannabis zum Beispill frou ? Kann ee vu Cannabis süchteg ginn? Oder kann ee Cannabis och iessen?

All Fro ass hei OK a gëtt anonym behandelt. Hei kann een zum Beispill schreiwen op cannabis@cnapa.lu oder op d’Hotline uruffen.

D’Telefonsnummer ass 49 77 77 55, erreechbar all Dënschdeg vu 9:00-13:00 a vun 14:00-17:00. Méi op CNAPA.lu.

25.11.2022 Business News