A maacht och de Grand Train Tour of Switzerland mam Golden Pass Express

Suisse Tourisme huet viru Kuerzem der Lëtzebuerger Press hir Highlights fir d'Saison 2022/2023 virgestallt. Um Grand Train Tour of Switzerland kënnt Dir e.a. mam Golden Pass Express déi schéinst Panoramastrecke mam Zuch entdecken.

RTL

Och ëmmer eng Rees wäert: de sonnegen Tessin am Süde vun der Schwäiz. Hei geet et vun de Palme bis op de Gletscher, mat Schwäizer Qualitéit an dem italieenesche Lifestyle mat ville flotten Aktivitéiten an der fräier Natur. Mam Ticino Ticket kann all Tourist, deen am Tessin schléift, gratis vum ëffentlechen Transport profitéieren a kritt 20-30% Reduktioun op verschiddene Fräizäitaktivitéiten.

An der Regioun Ascona-Locarno ronderëm de Lago Maggiore erwaarden Iech e mediterraant Klima a vill flott Manifestatiounen ewéi den Jazz Ascona, de Locarno Film Festival an d'Käschtefest. Wellness, Golf, déi spektakulär Landschaften an Unesco-Weltkulturierwen an déi herrlech lokal Spezialitéite sinn och schonn eleng eng Rees wäert!

RTL

Als Iwwernuechtung recommandéiert Suisse Tourisme déi fënnef 3- a 4-Stäre Benvenuti Hotels, déi en herrleche Panorama iwwer de Lago Maggiore, en elegante Kader an e perséinleche Service bidden. Vun hinne kritt Dir och en elektresche Fiat 500e zur Verfügung gestallt fir d'Géigend mat deenen herrleche schmuele Gaassen ze entdecken.

RTL-Interview mam Armando Troncana vu Suisse Tourisme Benelux