Elo op 2 Adressen: zu Bouneweg an an der Fleschiergaas an der Alstad

RTL-Business 14.12.2022

Wagner Designlighting gëtt et schonn zanter iwwer 20 Joer an der route de Thionville zu Bouneweg a viru kuerzem hu si jo och en neit Geschäft an der Alstad, op Nummer 5 an der rue de la Boucherie opgemaach.

Op deenen zwou Adressen dréint sech alles ronderëm d‘Beliichtung. Dat geet vun engem Konzept op d’Mooss vun Ärem Doheem bis zu Designerluuchte vun Occhio. A Wagner Designlighting presentéiert an deenen zwee Geschäfter och elo déi nei Mito Gioa. Dat ass eng eenzegaarteg, nei revolutionär Büros- a Liesluucht, déi sech duerch déi verschidde Liichtfunktiounen an hir eenzegaarteg Mechanik vun allem wat et bis elo gouf däitlech ënnerscheet. Dat ass och eng super Iddi als Kaddo fir Chrëschtdag.

Loosst Iech se weisen an erkläre bei Wagner Designlighting zu Bouneweg, an der Fleschiergaas an der Alstad oder op licht.lu an op Facebook.