Op där éischter Commande kritt Dir e Promo-Code a mat deem 10 € geschenkt!

RTL-Business 14.12.2022

Geschwënn ass Chrëschtdag a Letzshop ass prett fir Är lokal Kaddoen. Op Letzshop bidde jo iwwer 500 Händler méi wéi 420.000 Produiten un an dorënner sinn natierlech och allerlee super Kaddosiddien. Op där éischter nationaler Online-Plattform kann ee jo ganz praktesch kafen a bequem heem liwwere loossen.

Op Letzshop kritt Dir och déi ganz praktesch Letzshop-Kaddosbongen, déi een do ka kafen a verschenken. Déi kann een a ville Geschäfter aléisen an natierlech och online. Bis den 31.12. leeft och nach eng super Aktioun: op där éischter Commande op Letzshop kritt Dir e Promo-Code a mat deem 10 € geschenkt!

A fir all déi Geschäftsleit, déi hir Produkter och nach fir d’Enn vum Joer op letzshop.lu wëlle verkafen: surft einfach op join.letzshop.lu!

Denkt also dru fir d‘Feierdeeg: Mat Letzshop ënnerstëtzt Dir de Lëtzebuerger Handel an d’Sue bleiwen heiheem!