Déi bescht digital Offer zu Lëtzebuerg:
D'S-Net App vun der Spuerkeess kritt e Präiss
D'S-Net App huet ronn 250 000 Benotzer.
Enger Etude vu SIA Partners no huet d’Spuerkeess nämlech déi komplettsten digital Offer zu Lëtzebuerg an d‘App S-Net krut de Präis fir déi bescht banking App. Der Etude ass d‘App souguer an den top 20 weltwäit, net zulescht well se iwwert d’Standard Servicer eraus och nach zousätzlech Funktiounen huet fir perséinlech Finanzen, Steiererklärung an digital Berodung.
D’App erlaabt et ausserdeem och fir Konte mat anzebannen, déi ee bei anere grousse nationale Banken a Neo-Banken huet.
Fir d’Frontalieren sollen deemnächst och Konte vu Banken aus de Nopeschlänner kënnen am S-net agebonne ginn.
Méi op spuerkeess.lu.
16/12/2022 Business News
Am meeschte gelies