Hyundai, SsangYong a Suzuki ginn et elo zu Lëtzebuerg exklusiv bei Autopolis.

16/12/2022 Business News

Zanter dem 7. Dezember huet Autopolis iwwert de Van Mossel Automotive Group en Deel vun den Aktivitéite vun Autodis vun Hyundai, Isuzu SsangYong a Suzuki iwwerholl.

Autopolis huet domat d‘Exklusivitéit op dräi vun de Marken a konnt doriwwer eraus och en éischte Garage am Süde vum Land opmaachen.

De Grupp verséchert de Clienten datt se weiderhi vun deene nämmlechte kompetenten Equipe wäerten kënnen zerwéiert ginn.

Ganz nom Slogan You Drive we Care ass d’Philosophie vum Grupp all Service ronderëm den Auto op enger Platz unzebidden: Vum Verkaf iwwert d’Reparatur oder botze, bis hin zum Leasing. Fir nach méi Confort ass bei Autopolis och geplangt datt ee säin Auto 24 op 7 kann ofhuele goen.
Méi op autopolis.lu.