Den Infozenter Demenz kann een an der Staat bis laanscht goen oder uruffen, un um 26 47 00.

21/12/2022 Business News

D'Krankheet vun der Demenz werft vill Froen op.

De Slogan vum Info-zenter Demenz ass dofir: Frot no, amplaz ofzewaarden!

Ass een zum Beispill just ebësse vergiesserlech oder entwéckelt sech eng Demenz?

Den Info-Zenter Demenz ass eng gratis Informatiounsplaz wou sech Zäit geholl gëtt fir sou oder änlech froen zum Thema ze beäntwerten.

Ob als selwer Betraffe Persoun oder als een deen enger betraffener Persoun nosteet kënnen d’Mataarbechter engem dobäi hëllefen, Demenz als Krankheet besser ze verstoen.

Si weisen engem och wéi eng Servicer a Méiglechkeeten et zu Lëtzebuerg ginn, fir gutt mat der Krankheet ze liewen.

Rufft un oder besicht den Infozenter Demenz an der Stadt an der Biedergass. Och op demenz.lu.