Gegrënnt gouf dës Beweegung vum Sadghuru vun der ISHA Foundation.

21/12/2022 Business News

Dës Beweegung, déi op Benevolle baséiert heescht „Rett de Buedem“, oder op Englesch Save Soil. Hei gëtt op d‘Buedemkris opmierksam gemaach.

Buedem ass nämlech kéng doudeg Matiere, a bal all Schwaachpunkt dee mat der Ëmwelt ze dinn huet, kann een duerch d’Schafe vun engem gesonde Buedem ugoen.

D’Zil vun der Beweegung ass d‘Leit iwwert d’Funktioune vum Buedem opzeklären, d’Leit unzereegen fir sech fir e gesonde Buedem anzesetzen an och Regierungen beim Ausschaffe vun Aktiounen a Gesetzer z’ënnerstëtzen fir den organeschen Inhalt vum Buedem ze erhéichen.

Méi genau Informatiounen zum Thema "Rett de Buedem" kritt een op 34 Sprooche op savesoil.org.