Profitéiert vun hire Chèques-Cadeau op Mooss!

RTL-Business 28.12.2022

Aus "De Masseur" gëtt MAANOS, mam Slogan « The Art of Massage » ! "De Masseur" ass jo scho laang bekannt fir 100% personaliséiert Massagen, op all Client individuell an no senge Wënsch ugepasst. Dorun ännert och mam neien Numm elo näischt, au contraire!

Genee esou op Mooss sinn och hir Chèques cadeaux, déi een entweder op d’Zäit oder eng gewësse Valeur kann ausstelle loossen an déi Persoun, deen dee geschenkt kritt, kann da selwer decidéieren, wéi eng Massage si wëll maache loossen. Déi kënnt Dir och ganz praktesch op maanos.com bestellen a verschenken.

MAANOS proposéiert all Typ vu Massage a fir jiddereen, sief et eng relax no enger haarder Schaffwoch oder eng méi kräfteg an an d‘Déift fir Kniet a Verspanungen aus de Muskelen eraus ze kréien. MAANOS fannt Dir also wéi gewinnt, do wou „De Masseur“ war, also um Lampertsbierg, zu Gaasperech, op der Kockelscheier, zu Beetebuerg, zu Miersch an zu Zolwer.

De Mica Machado a seng ganz MAANOS-Equipe wënschen Iech e gudde Rutsch an alles Guddes am neie Joer an deem si sécher och all Hänn voll ze dinn hunn, fir dass et Iech besser geet !