2mol d’Woch dënschdes a samsdes

RTL-Business 28.12.2022

D’Luxair flitt nees op Marrakesch an dat vum 11. Februar un a bis den 13. Mee 2023. Den Nonstop-Vol an déi marrokkanesch Stad aus 1001er Nuecht dauert dräi Stonnen an eng hallef a geet 2mol d’Woch dënschdes a samsdes eraus.

Dat erlaabt engem also e kuerzen Trip mat der Visite vun der legendärer Plaz Djemma-el-Fna oder awer eng méi laang Vakanz an der Sonn oder am Schied vun der Palmeraie.

Marrakesch war jo schonn an der Luxairtours-Offer a vill Frënn vun där sonneger Destinatioun si bestëmmt frou, fir se am Wanter erëm ze fannen, dann och mat flotten a komfortabelen Hoteller an Ärem Reesbüro an op luxair.lu.