Vum 9. bis de 27. Januar

Mir sinn an de wanterleche Méint vum Joer!

Et fréiert, d’Käschte fir ze hëtze sinn den Ament héich a fir verschiddene Studente stinn elo an den nächste Méint d‘Exame virun der Dier! Do gëtt vun de jonken esou munches gefuerdert!

An hei kënnt  d‘Initiative "Blöcus" vun de Belschen Ikea Geschäfter an d’Spill.

Hei gestallten se an hirem Restaurant e speziellen Espace an deem d’Studente léiere kënnen.

An där Zäit muss de Student doheem net hëtzen a spuert domat Geld.

Donieft ass zesumme léiere jo och flott fir sech géigesäiteg ze hëllefen an z’ënnerstëtzen.

"Blöcus" Initiative am Ikea Arel vum 9. bis de 27. Januar. Mellt Iech un iwwert den Ikea Family Workshop Tool – D’Plaze si limitéiert.

E klengen Tipp, fir der Ëmwelt eppes Guddes ze doen, hu si d’Temperatur am Geschäft op 19° erofgesat. Wann Dir also schuckeleg léiere wëllt, dann huelt eng Jackett mat.