E faarwege Programm mat ville Workshoppen an interaktiven Animatiounen

RTL-Business 6.1.2023

Vum Freideg 6.1. bis e Sonndeg 8.1. ass endlech, no 2 Joer Paus, déi 9. „Expo Creativ“ an der LuxExpo hei um Kierchbierg. Dee Kreativforum bitt ewéi ëmmer e faarwege Programm mat ville Workshoppen an interaktiven Animatioune fir Grouss a Kleng. Alles dréint sech déi 3 Deeg an der Foireshal 2, Entrée Nord, ronderëm Handaarbecht, Bastele, Bitzen an déi kreativ Gestaltung.

Iwwer 70 regional an international Aussteller maachen aus deem Event déi Bastel- & Kreativfoire hei zu Lëtzebuerg. D’Offer geet vun neien an héichwäertege Produkter an de Moud-, Deko- oder Patchworkstoffen, iwwer Woll, Pärele, Stempelen oder Pabeier bis hin zu de Bitzmaschinnen. Esou eng kann een och beim grousse Concours gewannen, nieft engem risege Bastelpak.

D’Entrée op d’Expo Creativ kascht 7 € fir Erwuessener a 6 € fir Schüler a Studenten. Kanner ënner 7 Joer si fräi. Fir Zäit ze gewanne kann een d’Ticketen och schonn online op www.luxkreativ.lu kafen a printen. Hei fannt Dir och d’Lëscht vun allen Aussteller an de Programm vun de Workshoppen.