25 Joer Piccobello vun der Loterie Nationale
An der Gebuertsdagseditioun kënne 25 Leit um Glécksrad dréinen
De Piccobello feiert 25 Joer. Am Ganzen huet dat beléift Gewënnspill vun der Loterie Nationale bis elo schonn 88 Milliounen € ausgeschott. Zanter 1997 kann ee rubbele fir op de Plateau vun RTL Télé Lëtzebuerg ze kommen an do dann um Glécksrad vill Suen an am beschte Fall esouguer den Jackpot ze gewannen. Bis elo hu bal 880 Leit um berüümte Rad gedréint an esou iwwer 30 Milliounen € gewonn. Derbäi kommen dann all déi direkt Rubbelgewënner.
Fir dat Véierelsjoerhonnert dann elo esou richteg ze feieren, huet sech d‘Loterie Nationale eng speziell Piccobello-Editioun vun de 25 Joer ausgeduecht, mat nach méi grousse Gewënnchancen. Mat där kënnen elo ausnamsweis 25 Glécklecher um Glécksrad dréinen, aplaz 12 normalerweis. De Prinzip bleift dee selwechten : et muss een 3 Televisioune rubbele fir déi Chance ze kréien.
An dir wësst jo : wéi bei alle Spiller vun der Loterie Nationale gi pro engem Euro 25 Cent an der Moyenne u gutt Zwecker an dee ganze Gewënn vun der Loterie Nationale geet un d’Oeuvre Nationale de Secours Grande-Duchesse Charlotte an esou u karitativ, lëtzebuergesch Institutiounen an Associatiounen.