Entdeckt hir nei Collectiounen an den Aueren a Bijouen

RTL-Business 11.1.2023

D’Stad Lëtzebuerg ass ëm eng nei Bijouterie méi räich. D‘Famill Hoffmann vu Gréiwemaacher, Bijoutier an Auermécher an der 3ter Generatioun an zanter 1956, presentéiert hir exklusiv Kollektiounen elo och an der Stad. Hei gitt Dir fir edel Bijouen an héichwäerteg Auere beroden.

Fir nëmmen e puer bekannt Marken ze nennen: Maurice Lacroix, Tissot, Nanis, Angela Hübel, Balmain, Pequignet, Michel Herbelin, Mont Blanc, Ebel, Certina, Baume&Mercier a vill méi... De Familljebetrib kann Iech all Är Bijouen op Mooss am eegenen Atelier kreéieren oder reparéieren. Aus Ärem ale Gold oder aus geierften Diamante kann hire Goldschmadd en neit Schmockstéck entwerfen.

D‘Bijouterie Hoffmann ass also elo och an der Neipuertsgaass an der Stad a weiderhin an hiren 3 Geschäfter zu Gréiwemaacher, grad esou wéi op bijouteriehoffmann.lu.