Eng besser Visibilitéit vun den Objete mat de bekannten Uspriechpartner.

RTL-Business 11.1.2023

„L’union fait la force!“ No laangjäreger gudder Zesummenaarbecht tëschent der Agence Immobilière Toussaint Abby an Akkurat Immo hunn déi zwee respektiv Geranten, Abby Toussaint a Guy Legener, decidéiert, hir Kompetenzen an der Locatioun an an der Vente vu Bestandsimmobilien an an der Vente vu Wunnengen « en futur état d’achèvement » zesummen ze leeën.

D’Agence Immobilière Toussaint Abby iwwerhëlt dofir elo déi kommerziell Aktivitéite vun Akkurat Immo, där hier Clienten domat vun enger nach besserer Visibilitéit vun hiren Objete profitéieren a gläichzäiteg hir bekannten Uspriechpartner behalen.

D’Agence Immobilière Toussaint Abby, mat hiren Agencen a Vitrinnen zu Miersch an Ettelbréck, grousser Presenz an de nationale Medien an op de spezialiséierten Immobilieportaler ass domat ëmsou méi de Vertrauenspartner fir Ukaf, Verkaf, Locatioun, Gestioun an Estimatioun vun all Immobilien an dat am ganze Land.

Informéiert Iech op confiance.lu.