Fir déi néideg Confidentialitéit ass natierlech gesuergt

RTL-Business 25.1.2023

D’Spuerkeess a Lalux lancéieren haut e Pilotprojet zu Kayl: e „one stop shop“ fir Bank- an Assuranceservicer. Dat ass déi éischt Agence mat zwou Enseignen hei zu Lëtzebuerg a gefouert vu Partneren, déi sech scho laang Jore kennen an zesumme schaffen.
Déi nei Agence zu Kayl bitt also elo all Produkter a Servicer vun der Spuerkeess an der LALUX, mat der Erfarung vu Bänker an Assurancenagent op enger Plaz - eng grouss Plus-value fir de Client am perséinleche Kontakt mat den Experten.

An och wann dat elo hei an deene selwechte Raimlechkeeten ass – fir déi néideg Confidentialitéit ass natierlech gesuergt.

Profitéiert vun deenen neie Servicer, grad elo am Autofestival, fir eng komplett Autosassurance, zesumme mam passende Prêt. Zu Kayl ass och e Bancomat an der Agence, déi vun 8h00 bis 13h00 an op Rendez-vous bis 17h00 op ass. E Pilotprojet, deen duerchaus, am Fall vun engem Erfolleg, Kanner kinnt kréien.

Méi Detailer fannt Dir op bcee.lu a lalux.lu.

RTL-Interview mam Romain Wehles BCEE
RTL-Interview mam Steve Balance Lalux