De Rendez-vous fir jiddereen dee nei Wäiner entdecke wëll.

27/01/2023 Business News

Nach bis e Sonndeg de 21. nach mat ass d’Wäifoire an der Luxexpo mat der Federatioun vun den onofängege Wënzer aus der Bordeauregioun Nouvelle-Aquitaine.

Hei kann een an engem gemittleche Kader innovativ Kreatiounen an och méi klassesch Wäiner schmaachen, an dat direkt vun den eenzelne Wënzer aus der Nouvelle Aquitaine.

Franséich Kulinarik duerf natierlech och net feelen, vu Foie gras, iwwert Kéis bis zu Austeren an Ham ass alles dobäi.

Hei dréint sech alles em de gudde Kontakt mat de lokale franséische Wënzer, héich Qualitéit an ëm d’Passioun fir de Wäin.

Gitt bis laanscht an test selwer! Nach bis e Sonndeg 29.01.2023 an der Luxexpo the Box.
Och op thebox.lu a vigneron-indépendant-aquitaine.com.

RTL