D'Ecole Privée Sainte-Anne lancéiert seng Sportsapp

Eng Iddi déi och iwwert de Lycée Sainte-Anne eraus Potential huet fir d'Wuelbefanne vu Jugendlechen ze verbesseren.
Am Kader vun der “Bewegte Schule“ gouf an der École Privée Sainte-Anne vun Ettelbréck eng schoulintern Sportsapp entwéckele gelooss. Et ass di éischt Schoulsportapp weltwäit a soll dofir suergen dass d´Schülerinnen sech an hirer Fräizäit méi beweegen.
An dëser E-P-S-A Sportsapp, also der Ecole Privée Sainte-Anne Sportsapp kënnen d´Sportsproffen de Schülerinnen an och dem Personal aus dem Lycée Challengen am Beräich Vëlo, Lafen a Spadséieren ginn. Dat kann op d‘Klass, d‘Klassenstuf oder fir d´ganz Schoul agestallt ginn.
Fir eng ofgeschlosse Challenge gëtt et Punkten a virtuell Medailen. Dëse Gamingfaktor soll d’Motivatioun fërderen, a fir zousätzlech Kiischten um Kuch gëtt et dann och nach nach Pluspunkten op der Sportsnote, flott Präisser bis hin zu Sportsausflich ze gewannen.
Méi op www.sainte-anne.lu.