An Zesummenaarbecht mam Guide VinsLux

RTL-Business 10.2.2023

All 2. Mëttwoch am Mount invitéiert de Munnerefer Domaine Thermal elo op ee flotte, gastronomesche Rendez-vous. Am Restaurant « De Jangeli » kënnt Dir déi bescht Lëtzebuerger Wäiner mat deene passende Platen entdecken a wéi déi 2 herrlech openeen ofgestëmmt sinn.

All Mount proposéiert de Chef Sébastien Domange mat senger Brigade en neie Menü aus der Saisonskaart. Frësch an edel Produkter, kreativ a raffinéiert gekacht, mat Wäiner, déi also perfekt op d’Iessen ofgestëmmt sinn. No enger Mise en bouche ginn Iech 3 Platen zerwéiert a fir derbäi 4  Miseler Wäiner oder Crémanten fir den attraktive Forfait vun 99 € oder 106 €, je nodeem wéi vill Wäin Dir wëllt am Glas hunn. Hiren Expert vum Guide VinsLux, de Claude François, präparéiert och fir all Dîner eng Beschreiwung vun alle Wäiner, déi am Accord mets et vins proposéiert ginn.

D’Menüe fannt Dir alleguer mat den nächsten Datumer op mondorf.lu, wou Dir Ären Owend och kënnt reservéieren. An den Domaine Thermal huet natierlech den Ament vill flott Kaddosiddien fir Vältesdag nächsten Dënschdeg, nieft engem spezielle Menü fir Verléifter.

RTL-Interview mam Claude François vu VinsLux