Profitéiert elo vun der Promo 10+2 gratis!

RTL-Business 10.2.2023

Nom Lancement vun der Battin Gambrinus, Extra an Triple an der grousser, 75 cl-Bigelfläsch virun enger Woch, huet Bofferding des Woch eng weider Neiegkeet lancéiert, an zwar déi praktesch an handlech Béierkëscht mat 12 Fläschen!

Eng hallef Këscht oder en duebele Sixpack also, déi esouwuel ekonomesch, ekologesch a praktesch ass. Ëmweltfrëndlech e.a. well d’Fläschen an d’Këscht Vidange sinn an esou bis zu 20mol an de Circuit kommen. D’Këscht weit 4 Kilo, esou dass se och fir jidderee ganz einfach ze droen ass, an dat ganz agreabel mat engem „soft touch“-Grëff. Fir de Lancement proposéiert Bofferding elo och nach de ganze Februar, an dëse wirtschaftlech méi schwéieren Zäiten, eng interessant Promo 10+2 gratis.

Domat huet Bofferding also elo an de Béierkëschten 3 verschidde Formater: 12x33cl, 20x50cl a 24x33cl. An zu Käerjeng schaffen se och schonn drun, fir de Battin an der neier 12er-Këscht op de Maart ze bréngen!

RTL-Interview mam Isabelle Lentz a Fabien Cesarini