Den neie Cactus Rued/Syr
Profitéiert elo vun den Ouverturespromotiounen!
E Mëttwoch 8.2. huet jo deen neie Cactus Rued/Syr seng Dieren opgemaach. Dat ass elo de 16. Supermarché am Land an dat 73. Geschäft vum Grupp Cactus, nieft den 9 Cactus Marchéen, de 40 Cactus shoppi, de 4 Delië vum Traiteur Schnékert, de 4 Cactus hobbi an deenen anere 15 Cactus Supermarchéen am Land.
Op Nummer 18 an der rue Strachen zu Mensder erwaarden Iech 25.000 Referenzen op bal 3 000 m2, e groussen Drinkshop vun iwwer 400 m2 an eng Galerie mam Traiteur Schnekert, 5 à sec, dem k-kiosk, engem Tango shop, dem Optiker Acuitis, Cocottes, de Coiffeur Beim Figaro an eng Reesagence vu Voyages Emile Weber. Den Akafszenter bitt 380 Parkplazen bannen a baussen.
De Gerant Christian Klein a seng 70 Mataarbechter freeën sech iwwer Äre Besuch 7 Deeg op 7 a bidden Iech déi ganz Gamme vu frësche Produkter mat e.a. den affinéierte Kéise vum Hervé Mons a vun de Frères Marchand, engem Stand Eat Happy mat frësche Sushien, de fäerdege Platen vum Traiteur Schnékert, de Bioprodukter vun Alnatura, deem Beschten aus dem Mier, dem dry-aged Beef, dem passende Wäin aus der Vinothéik an dem slowbaked Brout vu Pains & Tradition. An dobäi mam Non-Food alles ënner engem Daach ! Profitéiert elo vun den Ouverturespromotiounen!