Baséiert op kënschtlech Intelligenz

22/02/2023 Business

Orange start e videobaséierten technesche Support fir seng Fiber Abonnenten an dëst ass eng Première fir Lëtzebuerg.
Dank enger Videoplattform déi sech op kënschtlech Intelligenz baséiert kann de Beroder de Clientë per Video ënnerstëtzen an de Problem léisen.
Duerch déi Videoënnerstetzung kennen eng 80% vun de gemellte Problemer geléist ginn ouni datt een Techniker gebraucht gëtt.
Rifft de Notzer de Support un gëtt dësen opgefuerdert op e Link ze drécken dee per SMS geschéckt gouf.Duerch d’Scanne vun der Identifikatiounsnummer vun der Box kritt dës Plattform eng Rei vun Informatiounen iwwert d’Gerät, de Modell an den Datum vun der Installatioun.
Op dës Manéier ka vill méi séier verstane gi wat net funktionéiert an dem Client gëtt dann effektiv beim Léise vum Problem gehollef.
Op dës Manéier suergt Orange fir d’Zefriddenheet  vun de Clienten ze verbesseren.
Och soss zum Beispill beim Verkaf gëtt et och d’Méiglech Online mat de Beroder ze interagéieren.Dës Léisung ass bei de Clientë ganz beléift.
Orange ass et wichteg datt hir Clienten eng séier Äntwert op all Problem fannen.
Méi Infoen och op orange.lu