Spuerkeess: En digitalen Assistent fir d'Steiererklärung

Dee neie Service vun der Spuerkeess
Maacht Är Steiererklärung ganz einfach mat myTax am S-Net vun der Spuerkeess.
Maachen ech meng Steiererklärung richteg? Hunn ech näischt vergiess? Muss ech iwwerhaapt eng maachen oder ass et souguer vläicht vu Virdeel?
Fir dës an änlech Froe gëtt et eng einfach Léisung.
Mat myTax, dem digitale Steierassistent vum Spuerkeess-Partner VIREO, kënnt dir är Steiererklärung ganz einfach am S-Net Desktop vun der Spuerkeess maachen.
Et braucht ee just, Etapp fir Etapp, op einfach Froen ze äntweren a myTax fëllt d‘Steiererklärung automatesch aus. Sou verpasst dir keen Avantage a keng Obligatioun.
Um Enn vum Questionnaire profitéiert een och nach vu perséinleche Rotschléi fir d’Steierlaascht erofzesetzen andeems ee vun de Méiglechkeete profitéiert, déi de lëtzebuerger Staat bitt.
Méi Detailer op www.spuerkeess.lu/mytax oder direkt am Espace Fiscal an ärem S-Net.