Vun e Freideg bis e Sonndeg fannt Dir Inspiratiounen fir de Gaart vun Ären Dreem an der LuxExpo the Box.

Wien gären am Gaart schafft, fir deen ass Jardirêve sécher ewell e Begrëff. Vun e Freideg bis e Sonndeg fannt Dir an der LuxExpo the Box d’Experte wann et em de Gaart, Blummen, Planzen, Maschinnen a Gaardegestalltung geet aus Lëtzebuerg, Däitschland an och Holland. Si presentéieren Iech déi neiste Produiten a weisen Iech déi neisten Tendenzen.

Egal op Dir e gréngen Domm hutt oder d’Aarbecht am Gaart grad fir Iech entdeckt hutt, bei dëser Expo ass fir jiddereen eppes derbäi.

Inspiréiert Iech dëse Weekend um Kierchbierg an huelt déi neisten Iddien an Trends direkt Heem an den eegene Gaart.

D’Tickete fir d’Expo fannt Dir op jardireve.com.

Business News - Jardirêve - Mëttwoch 15/03/2023