Handyen, d’Tabletten, Laptoppen, Macbooks a Spillkonsolen, mee och aner Apparater si wëllkomm!

RTL-Business 24.3.2023

Hifi International keeft de Clienten hir al Geräter of a gëtt deenen en neit Liewen. Op der Plateforme CircularX vun der franséischer Firma Recommerce kann een elo seng gebrauchten Haushaltsapparater a Multimediageräter aginn, egal op se bei Hifi International kaaft goufen, oder net. Déi ginn da reparéiert an a Stand gesat a kommen esou nees an d’Kreeslafwirtschaft. Hei geet et natierlech an éischter Linn ëm d’Handyen, d’Tabletten, Laptoppen, Macbooks a Spillkonsolen, mee och aner Apparater si wëllkomm.

Dir kënnt se direkt um Site verkafen oder se an engem Hifi International Geschäft analyséiere a schätze loossen. Mat dësem neien, nohaltege Service wëll Hifi International de Foussofdrock vun dëse Geräter also esou kleng ewéi méiglech halen.

Et geet hei och net nëmmen em futtis Apparater, mee natierlech och em déi, déi ee vläicht eng Kéier kaf huet an ni benotzt. Dann ass et jo besser, et kritt een aneren d’Méiglechkeet deen zu engem attraktive Präis ze benotzen aplaz dass en an engem Schaf steet, schléift an hënnert, respektiv dass een neie muss produzéiert ginn.

Parallel huet Hifi International och den Dispositif „Big Collecte“ mat där Geräter gesammelt a recycléiert ginn.