30. Anniversaire vun Angle Vert

Profitéiert och neierdéngs vun hire praktësche Chèques-Cadeau
Angle Vert vu Jonglënster feiert 30 Joer. 1993 gouf de Familljebetrib gegrënnt a bitt haut op méi wéi 1.500 m2 Ausstellungsfläch Qualitéitsmiwwele fir Äert Doheem méi schéin a komfortabel ze maachen, allerlee flott an originell Kaddosiddien, Riddoen, Luuchten an Dekoratiounsartikelen an alles fir Är Terrass an Äre Gaart, vu Parasollen iwwert Barbecuen, bis hin zu Gaardemiwwelen, Marquiseën a Luuchten. Fir nëmmen e puer Marken ze nennen: Glatz, Fatboy, Ritzenhoff, Stern, Napoléon, Ethnicraft...
A wann dir wëllt op Nummer sécher goen fir dee richtege Cadeau ze maachen, da kënnt dir och neierdéngs einfach e Chèque-Cadeau vun Angle Vert verschenken, well mat deem fënnt jidderee säi Gléck. Mir wënschen der Famill Franssens an hirer professioneller Equipe alles Guddes an op mannst nach 30 Joer derbäi.
Loosst Iech perséinlech a fachmännesch beroden an der Zone artisanale et commerciale Laangwiss zu Jonglënster a kuckt och virdrun op anglevert.lu.