Den Ouschterhues ass och do!

22/03/2023 Business News

D’Union Commerciale lued Iech de 26. Mäerz häerzlech op de Fréijoerssonndeg an !

Mam Start vum Fréijoer a méi Sonn ass en Akafstour an der Ettelbrécker Foussgängerzon genau dat Richtegt.

Vu mëttes 2 bis 6 Auer kann een an de Geschäfter déi nei Kollektiounen a villäicht dat eent oder anert neit Lieblingsstéck entdecken.

Och ginn et schonn Dekoratioune fir d’Fréijoer an Ouschtere an den Ouschterhues ass och um Rendez-Vous.

Fir déi jonk ass och ee Facepainting-Atelier do, um Fréijorssonndeg de 26. Mäerz an der Ettelbrécker Foussgängerzon.

RTL