Op der Foto S.A.R. de Prënz Felix mam Antoine Clasen, Direkter vu B.M. (lénks am Bild).

22/03/2023 Business News

Son Altesse Royale de Prënz Felix wor Enn Februar am Restaurant Tero House 17. Bernard Massard iwwerhëllt fir si déi exklusiv Distrubutioun vum Château les Crostes.

Zanter 2013 féiert jo de Prënz Felix mat senger Fra Claire dës Domaine weider, déi zanter 98 der Prinzessin Claire hirer Famill gehéiert huet.

Et setzt een hei op héich Qualitéit, de Rosé mécht 80% vun der Produktioun aus, a mat der Cuvée Liam ass och d’Zil gesat ginn dee beschte Rosé aus der Provence ze maachen.

De Château les Crostes kann een och besichen, gitt dofir op chateau-les-crostes.com. D'Wäiner kann een iwwert den E-shop vu Bernard Massard bestellen.