Am Päiperleksgaart zu Gréiwemaacher gëtt et nieft de Päiperleken nach vill aneres z’entdecken...

De Päiperleksgaart ass säit 2011 en Atelier d’"inclusion professionnelle". Dat heescht, hei gëtt Mënsche mat enger intellektueller Beanträchtegung eng Aarbechtsplaz gebuede wou si sech an hir Fäegkeeten entfale kënnen.

De Päiperleksgaart ass en tropesche Gaart. Dat heescht et musse gewësse klimatesch Bedéngunge garantéiert sinn: konstant héich Temperaturen an eng héich Loftfiichtegkeet.

Nieft de Päiperleke gëtt et awer och nach vill aneres z’entdecken: tropesch Planzen, Koien, Vigel, e Fidschi Leguan, 2 Chameleonen, Schildkröten, Fräschen an och e Beiestack.

De Päiperleksgaart ass all Dag vu 9 bis 5 Auer op. Méi Infoen an Entréestickete ginn op papillon.lu.

Business News - Päiperleksgaart - Freideg 31/03/2023