Dem Motosfan seng Welt: Dainese Lëtzebuerg
Porte ouvertes vun e Freideg bis e Sonndeg
Sidd zu jidder Zäit sécher mam Moto ënnerwee an dat mat deem richtegen Equipement vun DAINESE LËTZEBUERG, elo nei zu Sprénkeng bei Dippech.D’Motorrad’s-Saison fänkt erëm un an dat heescht: SAFETY FIRST...dofir SAFE THE DATE :
D’Equipe vun DAINESE LËTZEBUERG, de Partner fir all Motorradsfuerer hei zu Lëtzebuerg zënter 2016, ass elo an hiert neit Geschäft op Sprénkeng bei Dippech geplënnert.
Op 350 Metercarré fënnt en bei hinnen alles ronderëm d’Sécherheet beim Motosfuerer....vun Händschen, iwwert de passenden Helm bis hin zu enger Combinaison mat integréiertem Airbag…..
Besicht si also op der grousser Porte-Ouverte, de Weekend vum 14., 15. a 16. Abrëll op hirer neier Adress zu Sprénkeng bei Dippech an op dainese.lu.