De Salon des Séniors an der Luxexpo the Box
Sidd och Freides bei der "Marche Populaire" mat dobäi
E Freideg den 21. a Samschdeg den 22. Abrëll ass deen éischte "Salon des Séniors" an der Luxexpo The Box um Kierchbierg.
D’Konzept vun dësem Salon speziell fir d’Senioren, ass et de Leit, déi nei Technologien a Rotschléi ëm d’Gesondheet, d'Wuelbefannen, d’Reesen an aktiv bleiwen, méi no ze bréngen.
Et dréint sech awer och ëm dat aktiivt Liewe mat Famill, Job, Benevolat an dem soziale Liewen.
Administrativ Demarchen, Pensioun, Steieren a vill méi:
"Är Rechter" ass e weidert Thema op dësem Salon.
Freides Moies gëtt och eng "Marche Populaire" organiséiert an d’Societéit Camille, spezialiséiert an den Hëllefen a Soine fir Senioren, offréiert Iech e klenge Bilan iwwert Är Gesondheet.
Méi op www.seniorlux.lu.