D’Maître Bijoutier Martine Schmit weist Iech hei elo hir eenzegaarteg, individuell Kreatiounen op 80 m2 op zwee Stäck

RTL-Business 26.4.2023

No 11 Joer op der Corniche an duerno am Centre Brasseur ass Corniche Bijoux elo an d’Groussgaass geplënnert. Dir fannt si elo op Nummer 40 an der Groussgaass an enger neier, nach méi grousser an heller Bijouterie.

D’Maître Bijoutier Martine Schmit weist Iech hei hir eenzegaarteg, individuell Kreatiounen op 80 m2 op zwee Stäck, an enger waarmer Atmosphär. Um Rez-de-chaussée gesitt Dir grouss Vitrinne mat villen originelle Bijouen, déi all vun Hand realiséiert goufen. Uewen ass da méi eng intim Ambiance mat engem private Salon, wou Dir ganz diskret déi exklusiv Kollektioune vun den Hochzäitsréng proposéiert kritt.

D‘Martine Schmit an hir Equipe leeë grousse Wäert op d’Qualitéit vum Service um Client an op déi vun de Bijouen. Hei kënnen elo all d’Demande vu Bijouen op Mooss, déi ëmmer nach zouhëlt, nach besser geplangt ginn. D’Aart a Weis, wéi si déi verschidden edel Matièren verschaffen a verbannen ass schonn eleng e Besuch an der neier Boutique wäert. Si ass op vun dënschdes bis samsdes vun 10h00 bis 18h00 an Dir fannt och eng Selektioun vun Eenzelstécker op martineschmit.lu.