D'Wäiner kënnen direkt mat enger Remise vu 15 % matgeholl ginn

RTL-Business 26.4.2023

Um 1. Mee ass jo den traditionelle Proufdag, deen 71., vun den Domaines Vinsmoselle an de Caves du Sud zu Rëmerschen. Tëscht moies 10.00 an owes 19.00 kënnt Dir dann nees do déi beschte Wäiner vum Millésime 2022 aus de Vinsmoselle-Kellereien schmaachen an zu besonnesch gënschtege Konditioune kafen.

D’Domaines Vinsmoselle hu jo dëst Joer beim Berliner Wine Trophy matgemaach a goufen do mat der Auszeechnung „Best Producer Luxembourg 2023“ belount. Entdeckt d’Wäiner vun de Marken „Les Vignerons de Domaines Vinsmoselle“, „Château Edmond de la Fontaine“, „Vignum“ an déi ganz Gamme vu POLL-FABAIRE. D’Caves du Sud feieren dëst Joer hire 75. Gebuertsdag an heifir koum eng limitéiert Gebuertsdagseditioun vu 75 Magnumsfläsche Pinot Blanc eraus.

Schmaacht och d‘Cocktaile mat POLL ON ICE a Summerwäin. Fir 15 € kënnt Dir no Häerzensloscht degustéieren an all d'Wäiner kënnen direkt mat enger Remise vu 15 % matgeholl ginn a fir Iessen an Drénken ass beschtens a villsäiteg gesuergt! D'Kanner ginn optimal betreit a fir Live-Musek ass och gesuergt. Erhuelt Iech also um Dag vun der Aarbecht um Proufdag an der Rëmerscher Kellerei an dee ganze Programm fannt Dir am Detail op vinsmoselle.lu!