120 Joer Fachmaart Steinhäuser

Zu Leideleng an Angelduerf gitt Dir op ongeféier 6.000 m2 vun engen 100 Mataarbechter professionell beroden
De Fachmaart Steinhäuser feiert seng 120 Joer. De Familljebetrib gouf 1903 vum August Steinhäuser gegrënnt a gëtt elo an der 4. Generatioun vum Yves Steinhäuser geleet. Zu Leideleng an Angelduerf gitt Dir op ongeféier 6.000 m2 vun engen 100 Mataarbechter professionell beroden.
Denkt een u Steinhäuser, kënnt engem natierlech direkt d’Faarf an de Kapp, mee am Fachmaart sinn donieft iwwer 12.000 Referenzen op Stock a nach vill méi op Bestellung. Fir der just e puer ze nennen: Leinwänn, Rummen, Staffeleien, Bastelartikelen, Schoulartikelen, Bicher, Tapéiten, Rideauen, Këssen, Stoffer, Storen, Lamellen, Tapezéierdëscher, Vernis, Latex, Acryl, Autoslack, Pinselen, Racletten, Spraydousen, Tape, Sprëtzpistoulen, Kompresser, Bieden, Dieren, Terrassen, Lino, Parquet, Laminat, Tapis-plain, Teppecher, Klenschen, Fassaden, Isolatioun, Echafaudagen, Leederen, Sécherungen, Mixer, Kompresser... avm.
Hire Liwwerservice fonctionéiert nom Prinzip: haut virun 9.00 Auer bestallt, muer geliwwert an deier Maschinnen muss een net ëmmer kafen: am Fachmaart Robert Steinhäuser kann een Teppechbotzmaschinnen, Buedemschläifmaschinnen, Gerüster, Loftentfiichter avm... lounen. Profitéiert och vun hirer Faarfmëschstatioun fir Är individuell Faarf ganz no Ärem Wonsch mëschen ze loossen. De Fachmaart Steinhäuser ass also einfach eenzegaarteg an der Groussregioun!
Mir gratuléiere fir de ronne Gebuertsdag a wënschen nach 120 Joer derbei!