Zu Bartreng, Käerjeng, Angelduerf, Jonglënster, Miersch an zu Beefort

Deen een oder anere war sécherlech dëst Joer am Fall :

Et huet ee schonn d'Fleesch fir op de Grill kaf, d'Kolleege sti mam Gedrénks vrun der Dier an da wëll een de Grill uschmäissen...
Ma da mierkt een d'Gasfläsch ass nach vun der leschter Saison eidel!

Do wou ee fréier nach beim Restaurant aus der Noperschaft hätt misse bestellen, datt d'Kolleegen net mam eidele Mo heem ginn, ass dat haut guer kee Problem méi!

Mat Sungas to go hutt der d’Méiglechkeet zu all Ament, Är BBQ Gas- a Grillfläschen ze kafen.

Sungas to go ass ganz einfach en Automat mat Gasfläschen mat bis zu 36 Fläschen dran.

En ass 24/7, op an et gëtt en hei zu Lëtzebuerg op villen ënnerschiddleche Plazen:

Beim Cactus Belle Etoile, Käerjeng an Angelduerf, op der Gulf Statioun zu Jonglënster, der Total Statioun zu Miersch an och zu Beefort bei der Residence Petite-Suisse.

Sou kann d’Grillsaison esou richteg ufänken.

12/05/2023 Business News