10.000 € fir d'asbl "Oppent Haus"!

Déi nächst Aktioun ass schonn an de Startlächer!
Déi nei Gallerie vun der Belle Etoile huet jo d’lescht Woch hiren 10. Gebuertsdag gefeiert. An deem Kader war jo och déi flott Aktioun “OH! Graffiti“ fir de gudden Zweck! An déi war e vollen Erfolleg! Et goufen an dräi Deeg net manner ewéi 1006 Tombolaslouse verkaaft mat deenen een d’Chance hat fir ee vun den 13 Tableaue vun de Street Art-Kënschtler Sumo, Alain Welter, Raphaël Gindt, Stick, Joël Rollinger, Franco, Mélanie Humbert, Thomas Iser a Snok ze gewannen. D’Gewënner goufe gezunn a kruten déi gutt Nouvelle matgedeelt. Si hu mat all deenen aneren derzou bäigedro, dass esou 5.030 € fir d‘Asbl „Oppent Haus – Open Home“ gesammelt konnte ginn an d’Belle Etoile verduebelt déi schéin Zomm elo quasi nach op ronn 10.000 €! Des Sue kommen also de Flüchtlingen hei zu Lëtzebuerg zegutt fir déi sech d’Associatioun vum Marianne Donven asetzt. E grousse Merci an hirem Numm un all déi, déi déi Aktioun ënnerstëtzt hunn a Felicitatiounen un all d’Gewënner!
No der Aktioun ass dann och virun der Aktioun: vum Mëttwoch 24.5. bis e Samsdeg 27.5. riicht Microlux d’Luuchten op 10 Entrepreneuren mat der Ënnerstëtzung vum Cactus a vun der Belle Etoile. All Dag vun 10h00 bis 19h00 ass am Shopping Center de Maart vun 10 Betriber, déi vun der Mikrofinanz microlux ënnerstëtzt ginn. D’Aussteller proposéieren hei och flott Concoursen mat e.a. Massagen, Rotschléi, wéi een sech gutt an Zen setzt, schéi Kleeder a moudesch Accessoire, Fitnessgezei, Produkter aus der Epicerie fine a Museksinstrumenter, fir nëmmen déi ze nennen.
Den Detail vum Programm fannt Dir op be.lu.