Luxair zesumme mat der Hotel- an Tourismusschoul vun Dikrech

Op all Economy-Flug mat Luxair
"Taste is your next Destination" ass e Slogan dee vill versprécht an och agehale gëtt!
Wann Dir vun elo u mat Luxair flitt da wäert Dir direkt am Fliger schonn nei kulinaresch Saveuren z'entdecke kréien!
No der erfollegräicher Zesummenaarbecht aus dem Joer 2021, mat der Hotel- an Tourismusschoul vun Dikrech, geet dëse Succès an eng zweete Ronn!
Deemools huet de Catering vun der Luxair schonn Hand an Hand mat de jonken Talenter vun der Hotelschoul un neie Menüen fir déi éischt Klass geschafft an elo ass et och fir d'Economy-Klass esouwäit!
Frësch, ausgefalen an un d'Zäit ugepasst :
All Sandwich dréit den Numm vun enger Luxair Destinatioun, wéi ënnert anerem de London City Bagel, den Antalya Sandwich, de Nice Côte d'Azur ClubSandwich esou wéi d'Dikkrescher Brioche, an zur gudder Läscht nach e Cake Salé oder de Cake Marbré!
D'Saveure vun eise jonken Talenter aus der Hotelschoul elo bei Ärem nächste Luxair Voll!
Gitt kuckt Iech hei déi fantastesch nei Kombinatiounen un :







