ARAL PULSE bitt elo ultraséiert Luede fir Elektrogefierer

Aral ass mat 57 Tankstellen am Land vertrueden a plangt hiert Netz fir d'Opluede vun Elektrogefierer weider auszebauen.
D’Infrastruktur fir Elektro-Gefierer zu Lëtzebuerg entwéckelt sech virun, esou ginn et elo déi 3 éischt Ultraséier-Luetsailen zu Lëtzebuerg an dat op der komplett moderniséierter Aral-Tankstell zu Esch.
All 3 Saile mat jeeweils 2 Luetpunkten, hunn eng Leeschtung vu bis zu 300 Kilowatt. Sou hutt Dir mat Aral Pulse elo d’Méiglechkeet, Ären Elektroauto an nëmmen 10 Minutte fir eng Autonomie vu bis zu 300 Kilometer opzelueden. Dobäi ass eng vun dësen 3 Luetsailen och fir Mënsche mat Behënnerung oder ageschränkter Mobilitéit gëeegent.
Bis Enn d’nächst Joer sinn och weider Luetsailen vun Aral Pulse op insgesamt 20 Plazen hei zu Lëtzebuerg geplangt.
Besicht déi nei Aral Statioun zu Esch oder kuckt op aral.lu.