Dir géift gär bauen a gesinn, wéi Äert Dramhaus kéint ausgesinn? Creahaus mécht et méiglech!

09/06/2023 Business News

Mat méi wéi 30 Joer Beruffserfarung am Konstruktiounssecteur invitéiert Iech d‘Creahaus dëse Samschdeg a Sonndeg den 10. an 11. Juni 2023, op hir Porte Ouverte zu Biereng bei Miersch kucken ze kommen.

Vun 1 bis 6 Auer kënnt Dir Iech zu Biereng an der Rue Wenzel, fir Äert zukünftegt Doheem inspiréiere loossen. An och all Är Froe ginn op der Plaz vum Fachpersonal beäntwert, souguer am Service financier.

 Creahaus - eng Famill, déi fir Famille baut

Fir méi Informatiounen zur Philosophie vu Creahaus an dem Bau vun Ärem zukünftegen Dramhaus gitt op creahaus.lu.