D'lëtzebuerger Botzmëttelfirma FLOWEY gouf ausgezeechent
Aktiv zanter 1990 stellt FLOWEY nohalteg Botzmëttel made in Luxembourg hier.
An der Botzmëttelindustrie feiert de Familljebetrib Flowey eng Première zu Lëtzbuerg. An deene leschten 30 Joer huet d’Entreprise Flowey sech ëmmer méi fir eng nohalteg Entwécklung vun hire Botzmëttel engagéiert. Déi Efforte gouffen elo belount, an zwar direkt mat enger dräifacher Auszeechnung a verschiddene Beräicher:
Si hunn den EU Ecolabel kritt a si integréiere sech an d‘Shop Green-Kampagne vun der SuperDrecksKëscht, fir de Leit nohalteg Produite méi no ze bréngen.
Als éischt Firma op der Welt am Botzmëttel-Secteur krut Flowey mat hirer Gamm Hygiene Green eng Sëlwer-Auszeechnung vu Cradle to Cradle V4. D'Auszeechnung vun dësem Label, gëllt als déi éiergäizegsten déi et gëtt. Heibäi geet et em d'Produktioun vu sécheren a verantwortungsvolle Produkter nom Modell vun der économie circulaire.
Méi op flowey.lu.