Bofferding am Design vun de Lëtzebuerger Fester!
Sammelt se all!
E gudden Tip fir Nationalfeierdag: mat Boufferdeng kënnt Dir elo all eis beléifte Fester sammelen. D’Käerjenger Brauerei huet eng limitéiert Serie vu Fläschen erausbruecht mam speziellen Design vun deene gréisste lëtzebuerger Traditiounsfester.
Op deene faarwege Boufferdéngsfläschen sinn de Siren's Call, d‘Buergbrennen, den Nationalfeierdag, d‘Schueberfouer, den E-Lake, d’Kavalkaden, de Blues Express an d’Oktoberfest illustréiert, mam Slogan „Lëtzebuerg lieft och op Äre Fläschen“. Sammelt se all!
Si sinn elo disponibel an alle Geschäfter, déi matmaachen, esou laang der do sinn. An da stousst der ganz originell un op eisen Nationalfeierdag an op all eis schéi lokal Fester, mat Bofferding, dem Béier vun hei!