Eng Mëschung aus feinster Kulinarik an ofwiesslungsräicher Kultur

RTL-Business 16.6.2023

Zu Munneref am Casino 2000 gëtt et elo eng nei Menüskaart an der Purple Lounge. Dee beléifte Restaurant gëtt et jo zanter 2006, mat enger Mëschung aus feinster Kulinarik an ofwiesslungsräicher Kultur!

2019 gouf e gronderneiert a moderniséiert, an der Dekoratioun, mat enger mobiller Bün an och an der Kichen, mat klasseschen an internationale Platen vum Chef Stéphane Hubert a senger Brigad. Si maachen dann och op der neier Summerkaart eng Weltrees mat Iech mat e.a. krupsegem, koreanesche Poulet, enger Tandoori-Zalot mat gegrillte Scampien oder engem Rëndscarpaccio mat Burrata di Buffala a Pesto. Weider geet et mat enger lëtzebuerger Dry-Aged Entrecôte, engem Black Angus Cheese Burger oder enger Tagliata, nieft der traditioneller Bouchée à la Reine an dem Wiener Schnitzel. De Saumon gëtt op déi japanesch Art a Weis zerwéiert an och fir d’Vegetarier ass beschtens gesuergt.

Fir déi passend Wäiner suergt den Thierry Corona an e séisse Summerdessert, wéi en Tartare de fruits frais, eng Crème brûlée oder e Fondant au Chocolat rënnt dat Ganzt dann of. Reservéiert am Beschten nach haut Ären Dësch op casino2000.lu, vläicht anengems mat engem flotte Spektakel derbäi.