An deem Kader: Eng limitéiert Serie u Coffreten vun den Domaines Vinsmoselle!

RTL-Business 16.6.2023

Dëse Samsdeg 17.6. gëtt zu Stadbriedemes un eisen Nationaldichter, den Edmond de la Fontaine, erënnert. Den Dicks ass virun 200 Joer op d’Welt komm a well hien als Buergermeeschter vu Stadbriedemes am haitege Schlass vun den Domaines Vinsmoselle gewunnt huet, feiere si dee ronnen Anniversaire natierlech mat.

D’Gemeng Stadbriedemes, d’Domaines Vinsmoselle, d’Kulturkommissioun, de Syndicat d’initiative Stadbriedemes an d’Greiweldenger Musek invitéieren Iech dëse Samsdeg 17. Juni ab 18.00 Auer op en Open-Air-Theater zu Stadbriedemes am Schlasshaff. Gespillt gëtt en „dout-eeschten“ Zweeakter mat Musek vum Yannchen Hoffmann an dem Carlo Hartmann: „Et wor de Léiweckelchen oder d’Mumm Séiss ass net dout ze kréien... ower de Geescht!“ Den Entrée ass fräi a bei deem flotte Spektakel kënnt Dir da mat engem vun deene priméierte Wäiner a Crémanten, respektiv engem Summerwäin aus den Domaines Vinsmoselle op dem Dicks seng 200 ustoussen!

Fir dee ronnen Anniversaire koum och e limitéierte Coffret vun 2000 Exemplaire mat 3 Wäiner Château Edmond de la Fontaine eraus: e Pinot Noir vinifié en blanc, e Rosé an e Roude mat enger spezieller Etikett vum Wënzerkënschtler Marc Gales ronderëm 3 Lidder vum Dicks: den Hexemeeschter, d’Pierle vum Da an de Wuermeldénger. Hannen op de Fläschen ass e QR-Code fir déi Lidder beim gudde Patt ze lauschteren. Deen originelle Coffret kritt Dir elo pünktlech virun Nationalfeierdag iwwerall do, wou et gudde Wäi gëtt.