Emil Antony gëtt och am Summer hirem Motto SPIRIT OF FIRE gerecht.

An do ginn et eng Hellewull u Griller.

Nächsten Dënschdeg elo, invitéiert iech d’Firma EMIL ANTONY – SPIRIT OF FIRE, op e Show-Cooking mam Joël SCHAEFFER op Gréiwemaacher, wou dir UM QUAI BEACH, direkt um Bord vun eiser schéiner Musel, eng Rei un ausgewielten an aussergewéinleche Barbecue’en kënnt an Aktioun gesinn a wou dir vu ganz speziellen Offere kënnt profitéieren

De Martin Antony a seng Equipe freeën sech drop, fir och iech hei tëscht 5 an 8 Auer begréissen ze kënnen an e puer flott Momenter mateneen z’erliewen.

Business News - Emil Antony - Mëttwoch 21/06/2023