Dëst Joer 2023 gouf alles renovéiert:
Bucht elo d'Vakanzenhaus Musée Bënzelt
Ideal fir et sech mat der Famill gutt goen ze loossen.
28/06/2023 Business News
D‘ “Vakanzenhaus Musée Bënzelt“ ass dëst Joer komplett renovéiert ginn. Et läit zu Bënzelt, am Norde vu Lëtzebuerg, dat ass tëschent Clierf a Wäiswampech, an hei kënne bis zu 20 Persounen eng flott Vakanz an enger roueger Ëmgéigend maachen.
Et ginn 10 Kummeren, 2 Openthaltsraim an eng voll ekipéiert Kiche. Fir Entspanung suergt souguer ee ganz neie Wellnessberäich.
Bausse lueden eng flott Terrass, eng grouss Spillplaz an eng gemittlech Grillplaz op eng schéin Zäit zesummen an.
Aktivitéite ginn et och genuch, direkt niewendru läit zum Beispill de Bënzelter Musée.
Wie virwëtzeg ginn ass kann op museebinsfeld.lu kucke goen.
Am meeschte gelies