"Events im Schlosshof" zu Beefort
Erlieft Concerten an der epescher Kuliss vun de Beeforter Schlässer.
D’Amis des châteaux Beaufort hunn vun e Freideg bis e Samschdeg eng Eventrei mam Numm „Events im Schlosshof“ oder „Events am Schlasshaff“.
Hei gëtt natierlech och déi flott Kuliss vun deenen zwee Beeforter Schlässer genotzt. Et si genau geholl och zwee Schlässer, engersäits dem Schlass aus dem Mëttelalter an dann just iwwert d’Zugbréck ass d’Renaissanceschlass. Béid Schlässer kënnen och ausserhalb vun Events besichtegt ginn.
Elo e Freideg geet et u mat „JAZZ at Beaufort Castles“, an e Samschdes heescht et „Rap meets Reggae“.
D’Diere ginn déi zwee Owender, also e Freideg an e Samschdeg (07.- 08.07.2023), um 7 Auer owes op, mat Start um 8 Auer.
Fir all d'Detailer, gitt op beaufortcastles.com