"Wooden" dat neit Doheem vun dräi Entreprisen
Vill Holtz a Glas fir en natierlecht Ëmfeld fir d'Mataarbechter
D’Baloise, d’BPI Real Estate an d’CLE hunn de 4. Juli hiren neie Sëtz, mam Numm „Wooden“, zu Leideleng ageweit!
Wooden, also „aus Holz“ op Englesch iwwersat, ass hei Programm! Eng Kombinatioun tëscht massiven hëlze Putteren a grousse Glasfënstere ginn dem Gebai en eemolegt Kleed, ma och a bannen ass a komplette Beräicher vill mat Holz geschafft ginn, esou wéi och am Trapenhaus!
Dëst verleet d’Mataarbechter dann och éischter sech tëscht de Stäck ze beweegen am Plaz de Lift ze huelen.
„Wooden“ ass e Gebai dat ausschliisslech mat Holtz aus PEFC-zertifiéierte Bëscher hei aus der Groussregioun gebaut gouf.
An donieft datt Ëmwandlung vun Holtz als Bauelement, manner Waasser a Stroum verbraucht, an dës Konstruktioun domat méi CO2-Neutral ass, schafft et sech hei duerch dat speziellt Ambiente mat engem Mix aus Holtz a natierlecher Luucht, vill méi agreabel wéi an anere Bürosgebaier!
Dat ass och de Bilan vun de Leit déi hei schonn zanter eng gudden hallwe Joer hunn dierfen ufänken hei ze schaffen.
Wooden, dat neit Gebai vun der Baloise, BPI Real Estate an CLE zu Leideleng.