Lëtzebuerger Natur ganz no entdecken
An der Hotspots-Broschür vun de Lëtzebuerger Naturparke fënnt ee flott Ausfluchziler fir Grouss a Kleng.
27 Hotspots - 3 Naturparken - 1 Broschür, entdeckt thematesch Rondweeër, spannend Plazen a vill méi.
„Mir ass et wichteg, déi 3 Naturparken zesummen ze vermaarten an d’Visiteuren dozou unzereegen net just eng Regioun ze besichen, mee déi schéinste Plazen aus dräi ganz besonnesch schéine Regiounen aus dem Grand-Duché kennen a schätzen ze léieren.“, erkläert d’Conny Koob, Chargée de Communication vun den dräi Lëtzebuerger Naturparken.
D’Broschür ass op däitsch, franséisch an englesch a ka gratis iwwer naturpark.lu erofgeluede ginn. D’Printversioun ass an den 3 Naturparkzenteren zu Esch-Sauer, am Parc Housen an zu Beefort ze kréien. Doriwwer eraus kann een sech se och ganz einfach iwwer zeitung@naturpark.lu heem schécke loossen.